Eng nei Verbindung tëschent Walfer a Bäreldeng
D’Bréck, déi nieft dem Gemengen- a Schoulgebai zu Walfer iwwer d’Uelzecht bei d’Cité Grand-Duc Jean zu Bäreldeng féiert, wäert ab dem 9. Januar ofgerappt an duerch eng nei ersat ginn. Dëst ass néideg, well déi hëlze Konstruktioun no 24 Joer am Asaz net méi sécher genuch ass. D’Holz fault, wat zu statesche Problemer féiert.
Am Joer 1966 am Gemengewalkampf hate vill Bierger a Biergerinnen eng Verbindung fir Foussgänger tëscht Walfer a Bärel gefuerdert. De frësch gewielte
Gemengerot war der Demande nokomm an huet Enn 60er Joren de Bau vun enger Passerell gestëmmt. Eng Konstruktioun aus Metall a Bëton ass dunn 1970 ageweit ginn.
No 30 Joer huet dës awer altersbedéngt missen ersat ginn. Déi hëlze Bréck gouf am Joer 2000 gebaut a krut och nach en Iwwerdaach. Dës metallesch Verstäerkung war aus statescher Siicht néideg, fir dass d’Bréck stabil géing bleiwen.
Déi zukünfteg Bréck ass eng modern Konstruktioun aus Metall a Bëton, mat hëlzenen Elementer. De Belag wäert rutschfest sinn, fir dass Mënsch a Vëlo sécher driwwer kommen. Si wäert mat dräi Meter méi breet gi wéi bis elo, esou dass d’Zirkulatioun besser wäert sinn.
D’Passerell wäert viraussiichtlech Ufank Mee 2025 fäerdeggestallt sinn. Dëst hänkt bei esou Aarbechten awer och ëmmer vun de Wiederkonditiounen of.