D’Maison relais an d’Schoul organiséieren an Zesummenaarbecht mat BEE SECURE en Informatiounsowend iwwer déi verschidde Geforen am Internet an an de sozialen Netzwierker fir Kanner.
Si ginn den Elteren déi néideg Tipps, wéi si sech an deene verschiddene Fäll verhale sollen.
Ausserdeem wäerten d’Maison relais an d’Schoul den Eltere kleng Sketcher aus verschiddene Situatioune virféieren, déi si selwer gefilmt hunn.