Wanderausstellung: Lëtzebuerger Sproochen
Vum 16. bis den 22. Januar ass d’Wanderausstellung D’Lëtzebuerger Sproochen zu Walfer am Centre Prince Henri ze gesinn.
D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.
D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statiounen dës Aspekter ënner d’Lupp geholl:
- Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
- Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
- Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?
Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.
Ëffnungszäiten
16.1.2025 um 18:30 → Vernissage
17.01.2025 → 16:00-19:00
18.01.2025 → 14:00-18:00
19.01.2025 → 14:00-18:00
20.01.2025 & 22.01.2025 → 15:00-17:00 mat Visite guidée um 15:00