Mai 22

UNICEF

Mir wollten Iech heimat doriwwer informéieren, datt d’UNICEF ab der nächster Woch nees mat senger ‚Porte à Porte‘ Campagne ufänkt, dëst selbstverständlech am Respekt vun de Gestes barrières.

 Si hunn all déi néideg Mesurë geholl, vir d’Sécherheet vum Public an dee vun de Mataarbechter ze garantéieren :

  • Mataarbechter hunn en Teppech vun 2m dobäi, dee si bei der Hausdier ausrulle fir ze weisen datt sinn d’Oofstandsreegel anhalen.
  • Si hunn Masken un an Desinfektiounsmëttel derbäi.
  • Fir datt den Donateur seng Domiciliatioun ka validéieren, huet en bis elo ëmmer misste vun Hand op der Tablette ënnerschreiwen. Fir de Kontakt op e Minimum ze reduzéieren, huet den Donateur elo 2 Méiglechkeeten:
    • Entweder kritt en en Verifizéierungsscode per SMS geschéckt,
    • Oder den Donateur ka mat sengem Stëft op der Tablette ënnerschreiwen. An deem Fall gëtt Tablett virdrun desinfizéiert .

Weiderhi sinn allgemeng Informatiounen nach ëmmer gülteg :

  • Se huelen zu kengem Zäitpunkt boer Suen
  • Si kënnen sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder an eng Sécherheetsveste mat hierem Numm a Logo un.
  • D’Inscriptioun gëtt, wéi gesot, iwwert eng Tablette gemaach an net per Pabeier.