News

Jul 11

Walfer Biergerdialog – Zesummen eisen Duerfkär gestalten

#WALFER2030

Nexten Datum : 24. Septembre 2019 (workshop Nr. 2)

Dir konnt net op dee leschte Workshop kommen, mee Dir wëllt awer bei deenen nächsten dobäi sinn? Kee Problem!
Dir sidd zu jidder Zäit wëllkomm an/oder Dir hutt d ‘Méiglechkeet de Rapport vun all Reunioun geschéckt ze kréien.
Dir musst dofir just de Formulaire hei drënner ausfëllen:

Hier klicken

Mir si gespaant op Är Iddien an hoffen Iech um nächste Rendez-vous, de 24. September 2019 um 19 Auer am « Centre Prince Henri » begréissen ze dierfen.


Déi politesch Responsabel vun der Gemeng Walfer leeë Wäert op d’Participatioun vun hire Bierger fir d’Evolutioun vun engem attraktiven, liewegen a biergernoen Zentrum vun eiser Gemeng mat ze gestalten.

Zil vun dësem Prozess ass et, zesumme mat Iech eng global Visioun fir eisen Duerfkär auszeschaffen. Är Meenung ass eis wichteg!

D’Resultater vun dësem Biergerdialog wäerten als Basis gëllen, fir déi vill Projeten, déi an der Zukunft eisen Duerfkär nohalteg präge wäerten.

Fir matzemaache ginn et nëmmen zwou Konditiounen: Zäit a Motivatioun.

Waart also net, mee maacht HAUT mat fir zesummen d’Gemeng vum MUER ze gestalten!

D’Walfer Gemeng an de Moderatiounsbüro CO3 freeën sech op Är Participatioun.

#WALFER2030


Mehr Infos über Workshops hier