News

Jun 18

VIRWUERT VUM BUERGERMEESCHTER

Léif Walfer Bierger,

Dëse Mount feiert Lëtzebuerg säin Nationalfeierdag, och wann dat grousst Volleksfest an déi vill Feierlechkeeten, déi all Joer ronderëm den 23. Juni stattfannen, dëst Joer mussen ausfalen. Dat ass och hei zu Walfer de Fall an duerfir wëll ech iwwer dëse Wee e puer Wierder un Iech riichten.

Virun 3 Méint huet sech villes an eisem Liewen an an eiser Gesellschaft geännert. Vun engem Dag op deen anere sinn eisen Alldag, eis Fräizäit, eis Gewunnechte komplett ëmgekrempelt ginn a villes war net méi wéi virdrun. D’Covid-19 Pandemie huet eist Land an eng Kris gestierzt, eng schwéier Kris, déi eis onerwaart an onvirbereet getraff huet. Eng Kris, déi bis dato kaum virstellbar war. Eist Land, esou wéi och déi meescht aner Länner, huet de Krisestatus missen ausruffen, fir an dëser Ausnamezäit kënne schnell an adequat op d’Pandemie ze reagéieren. Dëst war besonnesch schwéier, well mir deen neie Virus net kannt hunn an och nach bis haut net richteg kennen. Fir eist medezinescht Personal war et eng Zäit vu grousse Strapazen, si stoungen op éischter Front an hunn hiert Liewen op d’Spill gesat, fir aner Mënsche kënnen ze retten. Och vill aner Beruffsstänn hunn an dëser Zäit grouss Affer bruecht a couragéiert weidergemaach, fir dass d’Liewen zu Lëtzebuerg konnt iergendwéi weidergoen.

D’Virsiichts- an d’Hygiènesmoossname goufen zu Lëtzebuerg ganz gutt vun de Leit ugeholl a respektéiert. Déi laang Woche vum Confinement a, fir vill Leit, Isolatioun waren net einfach. D’Disziplin an d’Eegeverantwortung vun de Leit hunn hir Friichte gedroen a gehollef, dass d’Verbreedung vum Virus net nach gréisser Ausmoosse ugeholl huet. Esou konnt eise Gesondheetssystem der Pandemie Stand halen. Leider hunn trotzdeem vill Leit de Kampf géint de Virus verluer. Besonnesch hinnen an hire Famillje solle mir op eisem Nationalfeierdag gedenken. An der Nout ass Zesummenhalt wichteg, dat huet och dës Kris gewisen. Si huet niewent alle Problemer och vill Zeeche vu Solidaritéit ervirbruecht: Eng ganz Rei vun Initiative si spontan zustane komm, fir vulnerabele Matbierger ze hëllefen. Och an eiser Gemeng gouf et eng ganz Partie där Engagementer. An dofir soen ech all Associatioun a jidder Eenzelem Merci, dee sech fir anerer agesat huet an sech nach ëmmer asetzt, deen no senge Matbierger an Nopere kuckt an Hëllef ubitt, sief dat akafe goen, Maske bitzen, e kuerzt Gespréich asw.

Mir als Gemeng hunn natierlech och eis Responsabilitéiten iwwerholl a probéiert mat eise Servicer esou gutt wéi méiglech weiderhi kënnen eise Bierger ze déngen. Mir hu per Internet, Alarm-Tilt, Facebook a Flyere probéiert ze informéieren a mat Iech all a Kontakt ze bleiwen. Sou sinn z.B. eis eeler Leit iwwer 75 Joer vun eisem Gemengepersonal all doheem ugeruff ginn a mir hunn nogefrot, ob si géifen eens ginn oder Hëllef bräichten. D’Verdeele vun de Maske war zu enger grousser logistescher Erausfuerderung ginn. Dem Gemengepersonal fir säin Asaz a seng Flexibilitéit an där komplizéierter Zäit e grousse Merci.

Vill vun eise Geschäftsleit a Restauratiounsbetriber hu séier reagéiert an hu mat vill Kreativitéit no Léisunge gesicht, fir trotz Kris dem Bierger hir Servicer kënnen unzebidden. Ech denken, dat hu mir all appreciéiert.

Mir haten hei zu Walfer keng grouss Disziplinsproblemer an déi meescht vun Iech hu sech virbildlech un d’Consignë gehalen. Domat hutt Dir Iech an der ganzer Gemeinschaft e groussen Déngscht erwisen. Mäi ganz grousse Merci op dësem Nationalfeierdag geet dofir un Iech alleguer. Mee d’Kris a virun allem hir Auswierkunge sinn net eriwwer. D’wirtschaftlech Konsequenze sinn enorm, vill Betriber si schwéier getraff an op Hëllefen ugewisen, fir ze iwwerliewen. Och ville Leit geet et duerch dës Kris méi schlecht. Eng national Relance gëtt op de Wee bruecht an och um europäeschen Niveau gëtt u kollektiven Hëllefe geschafft. Lëtzebuerg ass e klengt an oppent Land, dat ofhängeg ass vun der europäescher an internationaler Wirtschaft. Des Kris huet gewisen, wéi verletzbar mer alleguer sinn. Kollektiv Handelen an Zesummeschaffen ënnert de Länner ass méi wéi jee ugesot amplaz Mësstrauen a Protektionismus. Ech freeë mech, dass mir eisen Nationalfeierdag och nees mat oppene Grenze kënne feiere, mee et war erschreckend ze gesinn, wéi séier eis Grenze vun de Nopeschlänner ouni Diskussioun a Kommunikatioun zougemaach gi waren. Virun e puer Wochen ass un de 75ten Anniversaire vum Enn vum 2ten Weltkrich geduecht ginn: d’Befreiung vum Nationalsozialismus, de Grössewahn vum drëtte Räich, deen zum gréisste Vëlkermord an der Geschicht vun der Mënschheet gefouert huet. D’Erënnerung un dës schrecklech Zäit ass wichteg, fir dass mir net vergiessen, zu wat Rassismus an Extremismus féiere kënnen. Leider keimen des mënscheveruechtend Tendenzen ëmmer nees op an och dëst Joer gouf et an Europa an och soss op der Welt erëm vill onschëlleg Affer vu Fanatiker. Dësen Ideologië gebitt null Toleranz, si sinn eng Gefor fir eis Wäerter vu Fridden, Fräiheet an Demokratie. Grad fir dës Wäerter hunn eis Virfaren am Krich gekämpft a vill hunn dëst mat hirem Liewe bezuelt.

Viru Kuerzem gouf et fir eist Land awer och eng ganz erfreelech Noriicht: Dëst war d’Gebuert den 10. Mee vum Prënz Charles, dem Jong vun eiser ierfgroussherzoglecher Koppel Guillaume a Stéphanie. Dat ganzt Land freet sech mat hinnen. Eis Felicitatiounen un den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin esou wéi un d’Grousselteren, de Groussherzog an d’Groussherzogin!

Léif Matbierger, ech wënschen Iech all e schéinen Nationalfeierdag.

Vive eise Grand-Duc!

Vive eis groussherzoglech Famill!

Vive eist Land!

François Sauber,

Buergermeeschter vu Walfer