Actualités Administration

Service de Médiation

🇱🇺 Déck Loft tëschent Iech an Ärem Noper?

De Vermëttlungs- a Schlichtungsdéngscht vun der Gemeng Walfer hëlleft!

Et gi vill Situatiounen, déi zu Streidereien tëschent Nopere féiere kënnen. Villäicht reegt Ären Noper sech op, well bei Äre Renovéierungsaarbechte säi Besëtz beschiedegt gouf, oder Dir fannt et verantwortungslos, datt Ären Noper de Schnéi um Trottoire viru senger Hausdier net ewechmécht.

Sou an änlech Konflikter kënnen zu all Zäit optrieden. Déi gutt Noriicht ass: d’Gemeng Walfer léisst Iech am Fall vun engem Noperschaftssträit net eleng! Wann Dir an Ären Noper Iech am Konflikt befannt, kënnt Dir Iech un eise Vermëttlungs- a Schlichtungsdéngscht wenden. Déi Hëllef ass fir Iech komplett gratis.

Schreift eng E-Mail u mediation@walfer.lu oder mellt Iech ënnert der Nummer 33 01 44 – 262. Opgepasst: Hannerloosst – wgl. an däitleche Wierder – Ären Numm an Är Telefonsnummer um Anrufbeantworter.

De Koordinator vum Vermëttlungs- a Schlichtungsdéngscht wäert Iech esou schnell wéi méiglech zeréckruffen. Hie wäert Iech zu engem individuelle Gespréich mat engem Mediateur alueden. Iwweregens: Eis Mediateure si forméiert a ganz onparteiesch Experten. Si sinn dozou verflicht, d’Beruffsgeheimnis ze respektéieren.

Wann Dir no dësem Gespréich d’Mediatiounsprozedur aleede wëllt, gëtt Ären Noper per Post kontaktéiert an och zu engem Eenzelgespréich agelueden. Mat senger Zoustëmmung kann dann d’Mediatiounssëtzung organiséiert ginn. Op Ufro vu béide Parteie kann e schrëftleche Mediatiounsaccord verfaasst ginn.

🇫🇷Des tensions surviennent entre votre voisin et vous ?

Le Service de Médiation et de Conciliation de la communede Walferdange vous aide !

Il existe de nombreuses situations qui peuvent donner lieu à des disputes entre voisins. Peut-être que votre voisin est en colère parce que ses biens ont été endommagés lors de vos travaux de rénovation ou vous trouvez irresponsable que votre voisin n’enlève pas la neige sur le trottoir devant sa porte.

De tels problèmes et d’autres du même type peuvent survenir à tout moment. La bonne nouvelle est que la commune de Walferdange ne vous laisse pas seul(e) en cas de dispute de voisinage ! En cas de difficulté dans le voisinage, vous pouvez vous adresser à notre Service de Médiation et de Conciliation. Ce service d’aide est entièrement gratuit pour vous.

Envoyez un e-mail à mediation@walfer.lu ou appelez le 33 01 44 – 262. Attention : Laissez s’il vous plaît votre nom et votre numéro de téléphone sur le répondeur téléphonique. Parlez lentement et clairement. Le coordinateur du Service de Médiation et de Conciliation vous rappellera dès que possible.

Le coordinateur vous invitera à un entretien individuel avec un médiateur. D’ailleurs : nos médiateurs sont des professionnels formés. Ils ne prennent pas parti et sont soumis au secret professionnel.

Si, après cet entretien, vous souhaitez lancer le processus de médiation, votre voisin sera contacté par courrier et invité lui aussi à se présenter pour un entretien individuel. Avec son accord, la séance de médiation pourra ensuite être organisée. Sur demande des deux parties, un accord de médiation écrit pourra être rédigé.

Découvrez plus d'articles